Eis Projeten

Eng 180 Kanner liewen zu Brasov am Kannerheem. Deels hu si nach Elteren, deels sinn et Vollweesen.

D’Kanner wunnen dat ganzt Joer am Heem bei den Schwësteren, dei mat vill Herzblutt an Engagement no all Kand kucken an keent op der Strooss loossen.

Déi Kanner, déi nach Elteren oder Famill hu, ginn iwwer de Summer heem. Mee et bleiwen  bis zu 80 Kanner am Alter vu 4 bis 18 Joer zeréck, déi och dës Zäit am Heem verbrenge mussen .

Mir wëlle mat dësen Kanner eng Woch an d’Kolonie bei d’Mier fueren. Do organiséiere mir dann Ausflich an Ateliere fir hinne esou vill wéi méiglech Spaass an Ofwiesselung ze bidden.

Fir dëst ob d’Been ze stelle, brauche mir natierlech Ënnerstetzung.

  • D’Rees muss organiséiert ginn
  • Zelter mat Schlofgeleeënheeten
  • Méiglechkeete fir ze kachen an z’iessen
  • Iessen an Iessmaterial
  • Kleeder ,Wäschsaachen
  • Spillsaachen

Mat engem klengen Don oder enger materieller Spend kënn dir hëllefen, dass mir eisem Ziel méi no kommen an dass d’Kanner e Laachen an d’Gesiicht kréien, wat fir eis an och fir iech déi schéinste Belounung wier.

Scroll to top