Iwwert ons

2019 hu mir d’Schwëster Emilia kenne geléiert. Si huet eis vill vun hire rumänesche Weesekanner erzielt. Ënner anerem huet si eis gesot, dass hir Kanner nach nie d’ Gléck haten, eng Vakanz beim Mier ze maachen. Dat war den “Grondsteen” fir eng Asbl ob d’Been ze stellen.

2020 ass dës Asbl ënnert dem Numm “ E Kannerlaachen ” gegrënnt ginn. Eis Ziel ass, deene Kanner, déi manner Gléck am Liewen hun, eng Freed ze maachen an hinnen domat e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.

 

Eisen éischte Projet: d’Weesekanner aus Rumänien. Et ass fläisseg berode, geplangt a Sue gesammelt ginn. Eis Iddien hu keng Grenze kannt.

…an dunn ass de Lockdown 2020 komm. Eis Enttäuschung war grouss, mee de Kanner hir nach vill méi. Awer mir ginn nët op a grad elo muss et viru goen….

Mir brauchen Ënnerstetzung.

All Hand ass Wëllkomm

Scroll to top