Maach dës Welt zu enger besserer Plaz fir jiddereen.
Léiw Frënn
Mir hunn dës Associatioun 2020 gegrënnt, well mir zesummen e Wonsch haten. Nämlech de Kanner e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.
Eisen éischte Projet ass, deene Kanner, déi a Rumänien am Kannerheem St Joseph House ënnerbruecht sinn a keen Doheem a keng Eltere méi hunn, déi sech ëm si këmmeren , am Summer eng Vakanz um Mier ze organiséieren.
Dofir brauche mir är Hëllef. Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e Laachen ze schenken.